
© Pexels
D’NASA huet sech fir déi éischte Kéier ëffentlech mat UFOs beschäftegt.
Et gouf also e Mëttwoch eng ëffentlech Konferenz zum Thema net-identifizéiert Fluchobjeten zu Washington organiséiert. D’Wëssenschaftler hunn e streng wëssenschaftlechen Usaz gefuerdert fir déi honnerten net gekläerte Siichtungen am Himmel z’erklären. Et misste méi Donnéeë vun héijer Qualitéit gesammelt ginn. Aktuell géifen d’Daten nämlech net duergoen. D’lescht Joer schonn hat d’NASA ugekënnegt dass net eendeiteg Beobachtungen analyséiert géife ginn, esou d’Noriichtenagence AFP.