
© atHome
De Grupp atHome mellt dass eng Baisse vun den Immobiliëpräisser zu Lëtzebuerg sech confirméiert.
Am 2. Trimester 2023 gouf et also eng Baisse vu 7,3 Prozent bei den Appartementer. An eng Baisse vu 5,5 Prozent bei den Haiser. Am Zentrum fält op dass Präisser vun den Haiser ëm bal 14 Prozent erofgaange sinn. Am Weste sinn d’Präisser vun den Appartementer ëm iwwer 14 Prozent erofgaangen. Am Norde sinn zum Beispill d’Präisser vun den Appartementer ëm bal 12 Prozent erofgaangen. Am Süde gouf eng Baisse vun de Präisser vun den Haiser vun iwwer 8 Prozent notéiert.