
© AFP VISA
52 Prozent vun den Transaktiounen hei zu Lëtzebuerg gi mat Bankkaarte gemaach.
Iwwer d'Hallschent vun den Transaktiounen hei zu Lëtzebuerg ginn mat Bankkaarte gemaach, esou eng aktuell Etüd vun der europäescher Zentralbank. Dat äntwert d'Finanzministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Max Hengel a Laurent Mosar. Weider heescht et, dass den Austausch vu Boergeld tëschent Privatpersounen och erofgaangen ass. Dat wéinst de neien elektronesche Méiglechkeeten, déi sou genannten "Peer-to-peer".
Klickt hei fir déi ganz parlamentaresch Fro mat der Äntwert ze liesen.