Beim CSD zu Hannover goufen zwou Persounen attackéiert an dobäi blesséiert.

Zwou onbekannte Persounen hunn ee Grupp vu 4 Persounen um Christopher-Street-Day zu Hannover beleidegt. Eng 18 Joer al nonbinär Persoun gouf dono geschloen. Ee 17 Joer alen Transmann wollt d'Situatioun berouegen a gouf doropshin och geschloen. De Mann ass dono op der Buedem gefall. Täter hunn dunn op dem Mann säi Kapp mat de Féiss ageschloen. Täter hunn dem Mann säin Handy geklaut a sinn dono fortgelaf. De Mann huet opgrond vu senge Verletzunge missen an d'Klinick kommen. Wéi déi däitsch Police matdeelt, gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.