Bei engem Policeasaz géint Mënschenhandel goufen 212 Verdächteger festgeholl.

Interpol, Frontex an Europol hunn zesumme geschafft fir 212 Verdächteger wéinst Mënschenhandel ze verhaften. Am ganze goufen hei ronn 1.400 Affer a 44 verschiddene Länner identifizéiert. Hei ass et ënner anerem ëm Zwangsprostitutioun, Zwangsaarbecht a Schmuggelaktivitéite gaangen. Déi kriminell Organisatioune waren ënner anerem an Afrika, Asien, Südamerika, an de Balkanlänner an an der Ukrain aktiv. A Bulgarien gouf och ee presuméierten Extremist festgeholl, no dësem huet Interpol zënter 2015 gesicht.