
© Pexels
Vun den Donneschden u gëllt de Menstruatiounscongé a Spuenien.
Den Donneschden ass de Menstruatiounscongé a Spuenien a Kraaft getrueden. Vum éischten Dag u muss een hei awer ee Krankeschäi vum Dokter virleeën. D'Käschten iwwer hei de Staat. Nieft dem Menstruatiounscongé deen a Kraaft getrueden ass, erliichtert dat neit Gesetz Ofdreiwungen an d'Registréiere vum Geschlecht bei Transmënschen. Spuenien ass aktuell dat eenzegt europäescht Land, dat de Menstruatiounscongé huet. A verschiddenen asiatesche Staate gëtt et dëse scho méi laang.