Frankräich verbitt Reklamme vun Influencer fir Schéinheetsoperatiounen.

Déi franséisch Regierung huet den Donneschden decidéiert, dass en Influencer keng Reklamm fir Schéinheetsoperatiounen dierfe maachen. Nieft Schéinheetsoperatiounen dierfen och keng Online-Reklamme fir tabakfräi Nikotinsäckelcher fir ze Lutsche gemaach ginn a fir Sportswetten. Des Weidere musse Reklamme vun Influencer och gekennzeechent ginn. Wien dogéint verstéisst muss mat bis zu zwee Joer Prisong rechnen an eng Geldstrof vu bis zu 300.00 Euro kënnt dobäi. Dëst ass dat éischt Gesetz vun där Aart a ganz Europa.