
© Brendan Smialowski / AFP
An den USA gouf ee 4 Joer alt Meedche vun engem anerem Kand erschoss.
Ee 4 Joer alt Meedche gouf vun engem anere Kand erschoss an dobäi soll et sech ëm een Accident handelen, esou de Papp vum doudege Kand a Besëtzer vun der Waff. Opgrond vu senge schwéiere Verletzungen ass Kand kuerz nom Tëschefall gestuerwen. De Papp ass am Besëtz vun engem gëltege Waffeschäin an hat uginn, dass d'Waff an engem ieweschte Schaf géif leien. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet. An den USA ginn all Joers ronn 19.000 Kanner duerch Waffe verletzt oder ëmbruecht, esou d'Organisatioun "Everytown for Gun Safety".