
© Gerardo Vieyra/NurPhoto) (Photo by Gerardo Vieyra / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Déi mexikanesch Police huet 45 Säck mat Läichendeeler an enger Schlucht fonnt.
Bei de Läichendeeler, déi a 45 Säck an enger Schlucht a Mexiko fonnt goufen, handelt et sech sou wuel ëm Fra wéi och ëm Männer, esou de mexikanesche Parquet. Aktuell ass nach net kloer ëm wéi vill Persounen et sech hei handelt. D'Police hat déi Säck fonnt, wéi si no siwe vermësste Persoune gesicht huet. Déi vermësste Persoune goufe vum 20. Mee u vermësst an hunn alle siwe fir ee Callcenter net wäit fort vun dëser Plaz geschafft. Éischten Ermëttlungen no, ass dëst Callcenter an illegal Aktivitéite verwéckelt.
An deene leschte Jore ginn ëmmer nees Läichendeeler a Säck oder verstoppte Griewer an dëser Géigend fonnt.