2022 waren d'Lëtzebuerger Bevëlkerung nees méi zefridden.

2022 ass d'Zefriddenheet vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung nees an d'Luucht gaangen, esou d'Resultat vun enger Etüd vum Statec. Mee d'Zefriddenheet vun de Lëtzebuerger ass net esou héich wéi 2018 nach. 2022 louch de Wäert op enger Skala vu 0 bis 10 bei 7,2. 2018 louch dësen nach bei 7,6. Zanterdeem d'Coronakris eriwwer ass, kann een awer nees eng Hausse gesinn, mee trotzdeem verschlechtert sech d'Zefriddenheet,op laang Dauer gesinn, konstant. An dat virun allem bei Persounen tëschent 16 a 64 Joer.