
© Eldoradio
Een alkoholiséierte Chauffer huet den Donneschde Beamten zu Wolz beleidegt an hinne gedréit.
Den Donneschdegowend ass der Police een Auto zu Wolz opgefall, dee vill ze séier ënnerwee war. Wéi d'Police de Chauffer wollt kontrolléieren, huet dësen sech net kooperativ verhalen. D'Bäifuerer hunn sech awer roueg verhalen. De Chauffer wollt och keen Alkoholtest maachen a wollt wärend der Kontroll nees fortfueren. Dat konnten d'Beamten awer verhënneren. Doropshin huet de Mann d'Beamte beleidegt, hinne mat Schléi gedréit a Morddroungen ausgeschwat. De Mann ass och handgräiflech géigeniwwer engem Beamte ginn. No der Immobiliséierung vum Mann, gouf dëse mat op de Policebüro geholl. Hei hat de Mann sech nach ëmmer net berouegt. An och an der Klinick wollt de Mann sech net berouegen. Opgrond vu sengem aggressive Verhale koum de Mann an de Passagearrest. Hei konnt dësen och nees ausniichteren. De Permis gouf opgrond vum Alkoholkonsum agezunn an ee provisorescht Fuerverbuet gouf erstallt. Eng Plainte gouf beim Parquet eragereecht. Ee Beamte gouf beim Asaz liicht blesséiert.