
© Odd ANDERSEN / AFP
Zu Düsseldorf huet een Onbekannten eng Transfra beleidegt, geschloen a gewiergt.
Déi däitsch Police huet de Freide matgedeelt, dass den Donneschdegowend ee Mann eng Transfra bei der Entrée vun enger Metrosstatioun zu Düsseldorf attackéiert huet. De Mann soll d'Fra fir d'éischt beleidegt hunn, dunn e puer mol op d'Fra mat senger Täsch geschloen hunn. Wéi d'Fra dunn um Buedem louch huet den Täter d'Affer nach gewiergt. Den Täter ass dono geflücht. D'Affer koum an d'Klinick.