D’Alerte Jaune wéinst Donnerwiederen huet sech an eng Alerte Orange verwandelt.

Dat huet Meteolux matgedeelt. Elo gëtt also viru staarken Donnerwiederen am ganze Land gewarnt. Vill Reen bis zu 35 Liter pro Quadratmeter bannent enger Stonn ginn erwaart. Och Wandstéiss bis zu 80 Kilometer an der Stonn mat Knëppelsteng kënne virkommen. Dat gëllt tëscht 17h00 an 22h00.

Tëscht 22h00 an 23h00 gëllt dann eng Alerte Jaune wéinst Donnerwiederen. Mëttelstaark bis staark Donnerwieder mat Knëppelsteng, staarkem Reen a Wandstéiss ginn erwaart.