D'Inflatioun wier nach ëmmer héich.

Déi Europäesch Zentralbank huet en Donneschdeg de Leetzëns ëm weider 0,25 Prozentpunkten erhéicht. Och wann d’Inflatioun zeréckgoe géif, géif nach ëmmer domat gerechent ginn dass se op engem héijen Niveau bleift. Dat huet d’EZB en Donneschdeg matgedeelt. De Leetzëns läit also elo aktuell bei 4,5 Prozent.