Et war zu engem Sträit tëscht zwou Persounen zu Esch komm.

E Mëttwoch den Owend gouf der Police eng Persoun an der Rue de l’Eglise zu Esch gemellt, déi vun enger anerer Persoun bei enger Ausernanersetzung mat enger Schosswaff um Bee blesséiert gouf. Den Täter ass mat engem Gefier an eng onbekannt Richtung geflücht. D’Affer ass och fortgaangen a konnt méi spéit am Spidol vun der Police fonnt ginn. D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz an Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.