An der Nuecht op e Freideg goufen déi sou genannten net éierbar Nobelpräisser verginn.

D’Spaass-Präisser zeechnen ongewéinlech a fantasie-voll Fuerschungen aus. Gewonnen huet zum Beispill een Team aus Polen an aus den USA mat der Fro wisou Fuerscher sou gäre Sténg oflecken. Een anert Team huet gezielt ob Mënschen a béid Nueslächer genau sou vill Nueshoer hunn.