Eleng an Däitschland sinn um Freideg Demonstratiounen op iwwer 200 Plaze geplangt.

Fridays for Future rifft zu engem weidere globale Klimastreik op. Eleng an Däitschland sinn um Freideg Demonstratiounen op iwwer 200 Plaze geplangt. D’Aktiviste fuerderen ënnert anerem eng Verschäerfung vum Klimaschutzgesetz, méi héich Investitiounen an de Bunn- a Busverkéier, wéi och d’Enn vu fossile Subventiounen. Weltwäit si vun e Freideg bis e Sonndeg Klima-Demonstratioue geplangt.