An der Nuecht op e Freideg huet et an engem Lager vun enger Baufirma gebrannt an d'Police sicht lo no méiglechen Zéien.

D’Police mécht een Zeienopruff. Zu Miersch um Mierscherbierg huet et an der Nuecht op e Freideg géint 00h10 an engem Lager vun enger Baufirma gebrannt. Eventuell Zeie sollen sech bei der Police vu Miersch mellen um (+352) 244 90 1000 oder per E-Mail an police.mersch@police.etat.lu.