11 Persounen goufen kontrolléiert a 9 goufe mat op de Policebüro geholl.

En Donneschdeg de Moien huet d'Police eng grouss Kriminalitéits-Kontroll an der Stad duerchgefouert. D'Police wëll de Fokus op Abrochskriminalitéit setzen. Si hunn d'Kelleren an d'Garagen zu Bouneweg an am Gronn iwwerpréift. Am ganze goufen 11 Persoune kontrolléiert. 9 goufen op hier Identitéit gepréift a goufe mat op de Policebüro geholl. Et waren am ganze 24 Policebeamten awer och d'Kriminalpolice, an Hënn op der Plaz.