D'EU huet eng Strof vun 345 Milliounen Euro géint d'Onlineplattform ausgestallt.

D’EU huet eng Milliounestrof géint d’Onlineplattform TikTok ausgestallt. D’Plattform muss eng Strof vun 345 Milliounen Euro bezuelen, esou d’iresch Dateschutzkommissioun DPC. D’Onlineplattform soll géint Dateschutzrechter verstouss hunn. Si sollen duerch hiren Ëmgang mat den Donnéeë vun de Mannerjäreger géint d’Dateschutz verstouss hunn. D'Onlineplattform huet an der EU méi wéi 130 Milliounen Notzer. Engem Spriecher no soll TikTok net mat der Strof averstane sinn. Virun allem net mat der Zomm vun der Geldstrof. TikTok wëll dëse Virfall awer nach iwwerpréiwen.