
© Pixabay
De fréiere President vun der spuenescher Fussballfederatioun huet d'Fussballspillerin Jennifer Hermoso op de Mond gekusst.
De fréiere President vun der spuenescher Fussballfederatioun Luis Rubiales ass e Freiden wéinst dem Kuss-Skandal viru Geriicht komm. Hien streit de Virfall vum Kuss awer of. De Riichter huet decideiert dass de Rubiales der Fussballspillerin Jennifer Hermoso net méi no wéi 200 Meter kommen duerf. An och ee Kontaktverbuet besteet. De Rubiales huet nom WM Titel, d’Hermoso op de Mond gekusst, ouni hat ze froen, esou d’Geriicht vu Madrid.
E Freideg gouf och annoncéiert dass déi spuenesch Ekipp d’Nations-League-Matcher boykottéiere géif.