
© Eldo
Zu Hollerech gouf d'Läich vun engem Mann entdeckt.
E Freideg am fréie Nomëtteg gouf eng männlech Läich fonnt. An dat am Ufer vun enger Baach zu Hollerech. Den 59-järege Mann konnt identifizéiert ginn, esou d’Police. Et konnte keng Unzeechen op Friem-Awierkung festgestallt ginn. Fir déi genee Doudesursaach erauszefannen, gouf eng Autopsie ordonéiert. Weider Ermëttlunge sinn am gaangen.