
© OLIVIER MATTHYS / POOL / AFP
Am Prozess vun den islamisteschen Terror-Attentater zu Bréissel, am Mäerz 2016, kruten d'Ugekloten elo länger Strofe verhaangen.
Vun zéng Joer bis liewenslänglech solle sechs vun den aacht Täter an de Prisong goen. Den Haaptugeklote krut 30 Joer. Bei den Attentater am Bréisseler Metro an um Fluchhafe ware am Mäerz 2016 35 Persoune gestuerwen, an iwwer 700 Mënsche goufe blesséiert.
D'Männer goufe schonn am Juli schëlleg gesprach, mee elo éischt gouf bekannt wéi laang d'Strofe vun de verschidden Täter géing ginn.