E Freiden den Owend, géint 23h10 sinn zwee Männer an ee Supermarché zu Wolz beim Hundsburn agebrach. D'Police sicht no Zeien.

Si haten d'Schibedier opgedréckt an hunn doobäi den Alarm vum Geschäft ausgeléist. Si wollten dono zwou Fläsche Wäi klauen, mee beim Verloosse vum Geschäft ass hinnen eng Fläsch gebrach. Doropshin hunn se déi zweet Fläsch och léie gelooss.

Si sinn dann a Richtung Lann geflücht. All Persoun déi dësen Abroch gesinn huet, soll sech bei der Wëlzer Police mellen.