
© Eldoradio
Wéi d'Police e Sonnde matgedeelt huet, koum et um Weekend zu zwou grousse Kläppereien.
Zu Kënzeg gouf der Police eng Kläpperei tëschent ronn 20 Persoune gemellt. Dat op enger Party. Hei gouf eng Persoun mat enger Fläsch am Gesiicht blesséiert. Eng aner Persoun gouf mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen. Dës gouf hei och blesséiert. Déi Persounen, déi d’Kläpperei provozéiert haten, waren net agelueden a sinn no der Dot geflücht.
Des Weideren ass et an der Stad zu enger Kläpperei tëscht ronn 30 Persoune komm. Hei sinn dräi Haapttäter openeen duergaangen. Zwee Männer hunn ee Messer gezunn, dës awer net agesat. Eng drëtt Persoun huet eng Machete benotzt an dobäi eng Persoun un der Hand blesséiert.