Eng Petitioun fuerdert eng besser Remuneratioun a Wäertschätzung vun den Aide-soignanten.

D'Aarbecht vun den Aide-soignantë soll deementspriechend bezuelt ginn. Dat fuerdert d'Petitioun mat der Nummer 2809. Dës Petitioun huet schonn 69 Prozent erreecht. Dat sinn 3090 Ënnerschrëften.

D'Zil vun der Petitioun ass et, dass de Beruff vun den Aide-soignantë méi respektéiert, wäertgeschat a bezuelt gëtt. De Beruff wier nämlech nach net richteg an der Geselleschaft ukomm, esou de Petitionär Bryan Jaeger. D'Petitioun kann nach 33 Deeg ënnerschriwwe ginn.