
© Pexels
D'Unzuel u Leit mat Allergien ass an deene leschte Joren eropgaangen.
De Luxembourg Institute of Health huet erausfonnt dass et Allergië bei quasi der Hallschent vun den erwuessene Bierger zu Lëtzebuerg ginn. D’Prevalenz vun den Allergien ass an de leschte Joerzéngten extreem eropgaangen. Fir déi nei Etüd goufe 480.000 Datepunkten vun 1.462 Lëtzebuerger Awunner gesammelt. 42 Prozent vun de Participanten hunn uginn eng diagnostizéiert Allergie ze hunn a 44 Prozent goufe positiv op IgE-Antikierper getest, wat op eng allergesch Sensibiliséierung hiweist.