
© Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire
Et ass nämlech méiglech dass Listeria monocytogenes an deene Produiten ze fannen ass.
D’Lëtzebuerger Veterinären- a Liewensmëttelverwaltung mécht e Réckruff vu der Focaccia Basilicum vun der Mark Delhaize. Grond vum Réckruff wier eng méiglech Presenz vu Listeria-Bakterien. D’Verkafsperiod an den Delhaize-Geschäfter war tëscht dem 12. a 15. September.
Eng aner Zort vu Focaccia gouf zeréckgeruff. An zwar déi mat Tomatten a Basilikum vun der Mark Boni Selection. An dat aus dem selwechte Grond. D’Produite goufen tëscht dem 8. a 16. September verkaaft.
Hei fannt dir Detailer iwwer d'Focaccia Basilicum vun Delhaize.
Hei fannt dir Detailer iwwer d'Focaccia Tomate Basilic vun Boni Selection.