
© Eldoradio
An der Stad goufen an der Nuecht op e Sonndeg eng Partie Automobiliste kontrolléiert.
An der Nuecht op e Sonndeg huet d’Police Alkoholkontrollen duerchgefouert. An dat an der Rue de Beggen an der Stad tëscht 11 Auer owes a véierel vir 12, an der Escher Strooss an der Stad tëscht véierel vir eng an hallwer zwou an der Nuecht, an am Boulevard Patton an der Stad tëscht hallwer 3 an hallwer 4. 123 Automobiliste goufe kontrolléiert. An 8 Fäll war den Test positiv a 6 Protokoller respektiv zwou Verwarnunge mat Geldstrof goufen ausgestallt. Zwee Permise goufen agezunn.