
© Pixabay
En Dënschden ass dann och fir déi méi eeler Schüler a Schülerinnen aus dem Lycée d'Rentrée fir d'Schouljoer 2023/2024.
En Dënschden ass dann och d'Rentrée fir déi méi eeler Schüler a Schülerinnen am Enseignement Secondaire. Am Ganzen si fir dëst Schouljoer 52.515 Schüler a Schülerinnen am Lycée ageschriwwen, esou den Educatiounsministère an engem Communiqué. Dorënner 42.495 Schüler a Schülerinnen an engem ëffentleche Lycée an 10.020 Schüler a Schülerinnen an engem private Lycée.
Am Niveau classique sinn am ganzen 13.469 Schüler a Schülerinnen ageschriwwen an am Niveau général sinn et am ganze 27.822 Schüler a Schülerinnen. Dann huelen nach 4.771 Schüler a Schülerinnen un engem internationale Programm deel a 6.453 Schüler a Schülerinnen huelen un engem anere Programm deel.