
© Yuriy DYACHYSHYN / AFP
An der Nuecht op en Dënschde koum et zu engem Ugrëff op Lviv. Däitschland wëll d'Ukrain mat engem weideren Hëllefspak ënnerstëtzen.
Déi ukrainesch Arméi mellt Dronenugrëffer an Explosiounen an der westlecher Stad Lwiw an der Nuecht op en Dënschden. Op Telegram huet de Buergermeeschter vun der Stad matgedeelt, dass d'Loftofwiersystemer am Asaz wieren. Des Weideren heescht et, dass ee Lager vun enger Industrie a Brand geroden ass, mee déi néideg Rettungsdéngschter wieren awer op der Plaz.
Da wëll Däitschland d'Ukrain mat engem weideren Hëllefspak ënnerstëtzen. Dat huet den däitsche Verdeedegungsminister Pistorius matgedeelt. Dobäi soll et sech ëm eng grouss Zomm u Waffen a Munitioun handelen. Dat Ganzt huet ee Wäert vu 400 Milliounen Euro. Des Weidere solle weider ukrainesch Zaldoten an Däitschland ausgebilt ginn. Bis zum Schluss vum Joer sollen dat der nach 10.000 sinn.