D'Police mellt een Abrochversuch en Dënschdegmoien zu Uewerkuer an eng Verhaftung no engem Abroch op der Gare.

En Dënschdegmoie gouf der Police zu Uewerkuer an der Garerstrooss een Abroch gemellt. Éischten Erkenntnisser no, huet den Täter hei d'Rolllued erop gedréckt an ass esou duerch eng oppe Fënster an d'Wunneng komm. Den Awunner gouf wéinst dem Kaméidi wakresch. Wéi dësen den Abriecher ugetraff huet, ass dësen an eng onbekannte Richtung geflücht. Eng Enquêt gouf an d'Weeër geleet.

Des Weidere gouf der Police een Abroch an de Keller vun engem Méifamilljenhaus op der Gare an der Nuecht op en Dënschde gemellt. Éischten Informatiounen no huet den Täter hei zwou Kellerdieren opgebrach a méi Géigestänn geklaut. Dono gouf den Abriecher vun engem Awunner iwwerrascht. Eng Policepatrull konnt de Mann nach op der Plaz stellen. Déi geklaute Géigestänn sinn un d'Besëtzer zeréck gaangen. De presuméierten Täter konnt am Laf vun den Ermëttlunge mat engem weideren Abroch an een Haus, esou wéi mat engem Abroch an ee Gefier a Relatioun bruecht ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a kënnt een Dënschden am Nomëtte virun den Untersuchungsriichter.