
© pexels.com
Den STATEC huet nei Zuelen zu den Awunner hei zu Lëtzebuerg presentéiert.
Den 1. Januar 2023 hat Lëtzebuerg 660.809 Awunner. Dat sinn der 15.412 méi wéi 2022. Domat ass d'Zuel vun den Awunner ëm 2,4 Prozent an d'Luucht gaangen. Zënter 1981 ass d'Bevëlkerung hei zu Lëtzebuerg ëm 81 Prozent gewuess.
Zënter 2014 ass den Undeel u Männer hei zu Lëtzebuerg e bëssi méi héich. Dat läit un der Unzuel u Männer déi op Lëtzebuerg migréieren.
Den Undeel u Persounen, déi eng auslännesch Nationalitéit hunn ass am Laf vun der Zäit kontinuéierlech an d'Luucht gaangen. Am Joer 1981 waren et nach 26,3 Prozent, am Joer 2023 sinn et 47,4 Prozent. Dësen Undeel ass awer zënter 2018 liicht erofgaangen. Dat läit dorunner, well ëmmer méi Persounen, déi Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen an esou eng Duebbelnationalitéit hunn.
D'Altersstruktur huet sech och an deene leschte Joerzéngte verännert. D'Altersgrupp vun 0 bis 19 Joer gëtt ëmmer méi kleng, woubäi d'Altersgrupp vu 40 bis 64 Joer an d'Altersgrupp vun iwwer 80 Joer ëmmer méi zouhëlt.

© Statec