
© Eldo
Véier Gefierer ware betraff tëscht e Sonndeg an e Méindeg.
Tëscht e Sonndeg um 20h00 an e Méindeg um 7h00 gouf a véier Gefierer agebrach a Géigestänn goufe geklaut. D’Déifställ waren zu Gousseldeng, Lëntgen a Pretten. An deem Kontext sicht d’Police no Zeien.
All Info ass fir d’Mierscher Police (Tel: (+352) 244901000)an Email: police.mersch@police.etat.lu).