Den Täter sëtzt elo an Untersuchungshaft.​

E Sonndeg gouf et an der Rue d’Audun géint véierel vir 7 eng Kläpperei tëscht e puer Leit. Op der Plaz konnt d’Police den Täter fannen, deen eng Loftdrockpistoul an d’Hecke geschoss huet a versicht huet ze flüchten. Hien konnt awer gestoppt ginn. Déi verdächteg Persoun huet verschidde Leit mat der Fauscht geschloen. Dräi Affer goufe wéinst hire Blessuren an d’Spidol bruecht. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. Hien ass virun den Untersuchungsriichter komm a muss an d’Untersuchungshaft goen.