
© Serhat Zafer / ANADOLU AGENCY / Anadolu Agency via AFP
An dräi Fäll gëtt him Kierperverletzung virgeworf.
De Lëtzebuerger Fussballspiller Gerson Rodrigues gëtt ugeklot. Dat huet RTL matgedeelt. An dräi Fäll gëtt hie wéinst Kierperverletzung ugeklot. Och soll hie Poliziste beleidegt hunn. Ee Fall vu Kierperverletzung wier 2019 geschitt wéi hien e Mann an d’Gesiicht geschloen hätt. D’lescht Joer hätt de Gerson Rodrigues dann e Mann virun enger Disko geschloen. An hie krut virgeworf dass hien seng fréier Frëndin geschloen hätt. D’Suite vum Prozess ass am November.