
© Police
D'Police sicht no engem Mann, deen een Iwwerfall zu Stroosse gemaach huet. An dem Kader huet d'Police och ee Phantombild publizéiert.
Den 31. Juli 2023 ass et tëschent 13:55 Auer a 19:21 an der Géigend vu Stroossen zu engem Iwwerfall komm. Am Kader vun den Ermëttlungen huet d'Police ee Phantombild publizéiert a sicht nom Mann um Bild.
De Mann ass tëschent 35 a 40 Joer al, ronn 1,78 Meter grouss a vu normaler Statur. Hien hat een Hörapparat am lénken Ouer an hien huet kleng Ouerläppecher a kleng Zänn.
An deem Kader sicht d'Police no Zeien, déi de Mann vum Bild gesinn hunn oder Informatiounen zum Mann hunn. Hei soll een sech da bei der Police vum Kierchbierg ënnert der Nummer (+352) 244 47 1000 oder per Mail op Police.KIRCHBERG@police.etat.lu mellen.