Tëscht dem Gaasperecher Kräiz a Sandweiler/Hamm ass et op der Autobunn A1 e Freideg de Moien zu engem schroen Accident komm.

De Virfall ass géint 10h00 geschitt. Eng Persoun ass ëm d’Liewe komm an eng Partie Leit goufe blesséiert, dovunner eng Persoun schwéier. E Camion, deen a Richtung Stad ënnerwee war, ass an d'Mëttelplank gerannt.Domat gouf eng Tafelkonstruktioun matgerass. Dës ass dann op der Géigespuer a Richtung Tréier op en Auto gefall. Den Doud vum Chauffer vun deem Auto konnt nëmmen nach festgestallt ginn. D’Bäifuererin gouf mat schroe Blessuren an d’Spidol bruecht.

Zwou Persounen an engem Minibus, déi a Richtung Tréier ënnerwee waren an e Chauffer a Bäifuerer aus dem Camion si mat liichte Blessuren an d’Spidol komm. D’Autobunn ass op dëser Plaz bis op Weideres a béid Richtunge gespaart an eng Ëmleedung gouf ageriicht. De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Kriminalpolice këmmert sech ëm de Fall.