21 Persoune goufe kontrolléiert. ​

En Donneschdeg den Owend huet d’Police an der Rue Bender an op der Stater Gare eng Kontroll mat Fokus op Drogekriminalitéit duerchgefouert. Et goufen am ganzen 21 Persoune kontrolléiert. Bei zwou Persoune goufe kleng Quantitéiten Droge fonnt. Eng dovunner krut eng Verwarnung mat Geldstrof. Géint eng aner gouf e Protokoll ausgestallt. D’Droge goufe saiséiert, genee esou wéi zwee Handyen an eng kleng Zomm Boergeld. Bei der Kontroll hunn 19 Polizisten an eng Hondsstaffel matgemaach. Déi betraffe Stroossen ware gespaart.