
© pexels
D’amerikanesch Vizepresidentin Kamala Harris wäert eng nei Agence fir d’Präventioun vu Waffegewalt an den USA leeden.
Dat gouf e Freidegowend vum Wäissem Haus annoncéiert.
Zanter Jore scheitere Versich d’Waffegesetzer am Land méi streng ze maachen. Bei der Annonce vun hirem neie Poste sot d’Kamala Harris datt si kee Moment a kee Liewe méi verléiere kënnen.
Mee ob dës nei Agence wierklech eppes bewierke kann ass nach onkloer. De President eleng huet kee Pouvoir eng grouss Waffegesetz-Reform duerchzesetzen. An am amerikanesche Kongress si vill zemools republikanesch Politiker géint Ännerungen um Waffegesetz.
Fir d’Vizepresidentin bedeit dëse neie Poste och méi Visibilitéit am Walkampfjoer.