Bei engem Accident op der N11, um Contournement vu Jonglënster, goufen e Freideg den Owend am ganze sechs Leit blesséiert.

Kuerz virun 9 Auer sinn op der N11 zwee Autoen anenee gerannt. No engem Iwwerhuelmanöver hat een Automobilist d’Kontroll iwwert säin Auto verluer, an ass an een entgéintkommenden Auto gerannt.

Dräi Passagéier goufen dobäi ageklemmt an hu misse vum Samu befreit ginn. Dräi aner Persoune goufe liicht blesséiert.
E weidert Accident gouf et e Freiden de Mëtten, géint 17h20 an der Stad an der rue de Neudorf. Do waren een Auto an ee Moto unenee geroden. Eng Persoun gouf hei blesséiert.