Eng Jeep hat sech um CR153 a Richtung Méideng iwwerschloen.

E Sonndeg am Nomëtteg ass et zu engem déidlechen Accident tëscht Duelem a Méideng komm. Eng Jeep hat sech iwwerschloen. D’Bäifuererin, eng 28-järeg Fra vun Altwis ass op der Plaz un hire Blessure gestuerwen. D'Automobilistin gouf no der éischter Versuergung an d’Spidol bruecht. Op Uerder vum Parquet këmmert sech de Miess- an Erkennungsdéngscht ëm d’Ermëttlung. D’Streck war wärend dem Asaz fir de Verkéier gespaart.