
© Eldoradio
Aktuell ass eng Enquête am Kader vun deem schwéieren Accident leschte Freiden op der A1 am gaangen.
Wéi de Parquet géigeniwwer RTL sot, ass eng Enquête am gaangen. Dat wéinst onfräiwëllegem Doudschlag an onfräiwëlleger Kierperverletzung. Dat am Kader vum schwéieren Accident leschte Freiden op der A1. Hei ass eng Persoun ëm d’Liewe komm. D’Enquête soll klären op et ee Schëllege gëtt. Des Weideren heescht et, dass et och Zeie ginn an dass eng Autopsie am gaangen ass.