En Dënschdegmoien ass et um Belval zu engem gréissere Feier komm.

Wéi de CGDIS op X matdeelt, ass et en Dënschdegmoien géint 5:20 Auer zu engem Brand um Belval komm. Hei huet et an enger Annex vun engem Lokal gebrannt. Beim Feier gouf keng Persoun blesséiert. Am Asaz waren d'Pompjeescorpse vu Beetebuerg, Esch, Keel, Péiteng, Rëmeleng, Schengen a Schëffleng. Des Weidere waren nach de Centre de soutien logisitique an de groupe de support psychologique am Asaz.

Des Weidere mellt de CGDIS nach ee gréissert Accident en Dënschdegmoie kuerz no 10:00 Auer op der Penetrante Lankelz. Hei sinn een Auto an ee Minibus aneneegerannt an dobäi goufe siwe Persoune blesséiert. Den SAMU huet hei missen op d'Plaz kommen.