
© Eldoradio
Wann d'CSV an d'DP dëse validéieren, gëtt de Koalitiounsaccord en Donneschdeg ënnerschriwwen.
No de Koalitiounsverhandlungen, déi 5 Woche gedauert hunn, kritt de Grand-Duc dann e Mëttwoch am Nomëtten den Accord vum Formateur Luc Frieden presentéiert. E Mëttwoch den Owend kommen dann d'Parteigremien jeeweils vun der CSV an der DP beieneen. D'Instanzen vun den zwou Parteie validéieren dann hirersäits den Accord.
Wann dat bis de Fall ass da gëtt normalerweis den Accord den Donneschdeg ënnerschriwwen. Da sollen en Donneschdegmoien d'Eckpunkte vum Koalitiounsaccord op enger Pressekonferenz presentéiert ginn. E Freide gëtt déi nei Regierung mat 15 Ministeren dann och vereedegt.
Wéi verschidde Medie mellen, kréien dann d'Deputéiert den Accord e Méindeg, den 20. November geschéckt an e Mëttwoch 22. November hält de Luc Frieden seng Regierungserklärung an der Chamber. En Donneschdeg, den 23. November gëtt dann d'Debatt iwwer den Accord an der Chamber organiséiert.