D'Resultat vum Koalitiounsaccord ass et d'Wirtschaft, d'Ëmwelt an de Soziale Beräich mateneen ze verbannen.

En Donneschdeg de Moien huet de Luc Frieden op enger Pressekonferenz déi wichteg Punkte vum Koalitiounsaccord virgestallt, deen de selwechte Moien ënnerschriwwe gouf.

D'CSV an d'DP hate verschidde Walprogrammer virun de Walen a vu béide gouf vill zesumme gedoe fir de Koalitiounsaccord z'erméiglechen. Béid Parteien hätte gutt zesumme geschafft an de Koalitiounsaccord fokusséiert sech op d'Wirtschaft, op de soziale Beräich an op d'Ëmwelt.

Bei de Verhandlungen an deene leschte Wochen ass net géinteneen negociéiert ginn, mee et ass zesumme geschafft ginn an dat huet de Luc Frieden gelueft. Mat engem gemeinsame Wëlle vun der neier Regierung gouf ee gudden Accord ausgeschafft, esou de Luc Frieden.

De Koalitiounsaccord gëtt e Méinden am Detail publizéiert, dat nodeems d'Chamber den Accord presentéiert krut. Déi nei Regierung leet Wäert op follgend Beräicher:

Kafkraaft

D'CSV an d'DP hu gesot, dass si d'Kafkraaft vun de Leit wëlle verbesseren an d'Mëttelschicht muss entlaascht ginn. Dowéinst soll d'Steierlaascht vun de Leit den 1. Januar erofgoen. An dat soll passéiere mat Hëllef vun der Steiertabell, déi ëm 4 Indextranche berengegt gëtt.

Bis 2026 soll och ee Projet virgeluecht ginn, fir d'Steiertabell un d'Gesellschaft unzepassen. Deemno wéi kënne verschidde Steierklasse geännert oder ganz ofgeschaaft ginn.

Donieft gouf betount, dass keng Ierfschaftssteier oder Verméigenssteier vu private Persounen agefouert gëtt.

De Kampf géint d'Aarmut ass eng grouss Suerg vun der neier Koalitioun.

Lauschtert hei eran!

Wunnraum a Bausecteur

Nieft der Kafkraaft ass de Wunnraum an de Bausecteur och ee wichtege Punkt. Virun allem an de Bausecteur muss nees méi Beweegung dra kommen.

Ufank nächst Joer solle bannent engem begrenzten Zäitraum Mesuren agefouert ginn, déi d'Kafen an d'Loune vun enger Immobilie nees méi einfach maachen. Esou soll den Amortissement accéléré agefouert ginn, den Taux vun de Steiere vun de Plus-valuë soll erofgesat ginn, de bëllegen Akt soll gehéicht ginn a beim Zeréckbezuele vun de Prête sollen d'Steieren erofgesat ginn.

D'Offer vum Wunnraum muss och vergréissert ginn. Dat heescht et muss méi gebaut ginn an dat virun allem am abordabele Wunnraum.

Des Weideren heescht et, dass de Logementssecteur net ouni den Ëmweltsecteur fonctionéiert. Dowéinst musse béid Ministère Hand an Hand zesumme schaffen.

Lauschtert hei eran!

Klimapolitik

D'Klimapolitik muss méi proportionell an effikass gestalt ginn. Esou mussen zum Beispill Wandmille méi séier gebaut ginn an och déi douce Mobilitéit muss méi séier ëmgesat ginn. Des Weidere muss massiv an erneierbar Energien investéiert ginn. Esou sollen op neie Gebaier d'Photovoltaik-Standarde ginn. Och aner Infrastrukture mussen um elektresche Reseau an um Reseau vun der Hëtzt op erneierbar Energien ëmgebaut ginn.

Familljeliewen

D'Beruffsliewen a d'Familljeliewe solle besser kombinéiert ginn an dat mat Hëllef vu spezielle Mesuren. Esou soll de Congé parental ëm dräi Méint erweidert ginn an de Congé maternité soll méi flexibel gestalt ginn. Des Weidere soll jidderee selwer kënnen decidéieren, wéi een d'Kannererzéiung wëll gestalten an dobäi sollen och déi Leit ënnerstëtzt ginn, déi bei de Kanner wëllen doheem bleiwen.

Lauschtert hei eran!

Wirtschaft

Eng kompetitiv Wirtschaft ass extreem wichteg fir all déi Mesuren ëmzesetzen, déi am neie Koalitiounsaccord festgehale goufen.

D'Steiere vun de Betriber solle mëttelfristeg erofgesat ginn an d'Bonifikatioun op de Steiere soll erweidert ginn, wann e Betrib an déi ekologesch an digital Weeër investéiert.

Santé

Déi medezinesch Versuergung muss och verbessert ginn a virun allem mussen d'Klinicken entlaascht ginn an dowéinst muss déi ambulant Versuergung verstäerkt ginn. An dowéinst sollen d'Doktere mat néidegen Apparater ekipéiert ginn.

Rechtsstaat

De Rechtsstaat fonctionéiert just, wann a Punkto Sécherheet de Staat och méi Responsabilitéiten dréit. Ënner anerem soll eng sougenannte Gemengepolice agefouert ginn.

Gesellschaft

Gesellschaftspolitesch Mesuren a Punkto Adoptiounsrecht mussen agefouert ginn, esou dass och eng Persoun d'Méiglechkeet kritt z'adoptéieren. Des Weidere solle Kanner, déi am Ausland duerch eng Leihmutterschaft op d'Welt kommen, direkt hei zu Lëtzebuerg unerkannt ginn, fir dass esou keng Diskriminatioun entsteet.

Educatioun

Schoule sollen an allen Aspekter méi divers gestalt ginn. Dat heescht sou wuel a Punkto Coursen, Ausbildung a Schoulsystemer. Des Weidere soll och a Betreiungsstrukturen investéiert ginn, esou dass déi ausgebaut kënne ginn.

Digitalisatioun

Digitalisatioun ass och ee wichtege Punkt fir Zukunft. Virun allem mam Fokus op déi kënschtlech Intelligenz dierf een net ze spéit handelen an Donnéeë solle vill méi digitaliséiert ginn, fir esou méi effizient an alle Beräicher kënnen ze schaffen.