Fir déi éischte Kéier kommen also déi nei Ministere ronderëm de Premier Luc Frieden beieneen.

E Méindeg de Moien ass den éischte Regierungsrot fir déi nei Legislaturperiod 2023-2028. Fir déi éischte Kéier kommen also déi nei Ministere ronderëm de Premier Luc Frieden beieneen. Am Nomëtteg wäert dann e Resumé vun den Aarbechten un d’Presse geschéckt ginn. E Méindeg kréien iwwregens d’Deputéiert och Accès op de Koalitiounsaccord fir sech op d’Debatt virzebereeden, déi en Donneschde stattfënnt. Den Accord gëtt och publizéiert.