
© Eldo
D'ADEM huet déi nei Zuele vum Chômage verëffentlecht.
D’Unzuel vu Leit, déi am Oktober bei der ADEM ugemellt waren, ass op 16.927 geklommen. Dat ass eng Hausse vu 15,4 Prozent am Verglach zum Oktober 2022. De Chômage-Taux ass op 5,6 Prozent geklommen. Nei Umeldunge sinn an d’Luucht gaangen am Oktober 2023. 3.183 Residenten hunn sech nei ugemellt, dat ass eng Hausse vun 386 Persounen am Verglach zum Oktober 2022. 92 Leit sinn aus der Ukrain.