
© Eldo
Aus den Ermëttlungen ass ervirgaangen dass dräi Persoune warscheinlech och zu Schëffleng, Fréiseng, Lalleng, Käerjeng an Déifferdeng geklaut hätten.
E Samschdeg de Moien war der Police en Déifstall op enger Tankstell zu Esch/Lankelz gemellt ginn. D’Täter haten eng grouss Quantitéit Alkohol geklaut a ware geflücht. De Won konnt zu Lalleng ermëttelt ginn. Bei der Duerchsuchung vum Auto konnten Alkoholfläsche wéi och Liewensmëttel fonnt a séchergestallt ginn. Et waren och Autosplacken am Auto. Esouwuel d’Placke wéi de Won waren als geklaut gemellt ginn.
D’Leit, déi am Won ware goufen op de Policebüro bruecht. Aus den Ermëttlungen ass ervirgaangen dass dräi Persoune warscheinlech och zu Schëffleng, Fréiseng, Lalleng, Käerjeng an Déifferdeng geklaut hätten. Op Uerder vum Parquet goufen déi dräi Persoune festgeholl a si si virun den Untersuchungsriichter komm. Géint déi véiert Persoun goufe Plaintë gemaach wéinst Verstouss géint d’Drogegesetz.