D'Police sicht no engem Mann, deen ee Kand zu Diddeleng bei engem Imbiss geschloen huet.

E Sonnden am Nomëtten ass et zu Diddeleng bei engem Fast-Food-Imbiss zu enger Ausernanersetzung tëschent dräi Kanner engem Mann komm. Hei soll de Mann ee vun de Kanner op de Back geschloen hunn an de Vëlo vum Jong mat engem Trëtt beschiedegt hunn.

De Mann ass vu wäisser Hautfaarf an tëschent 40 a 50 Joer al. Hien huet eng korpulenter Statur a schwätzt Franséisch, Portugisesch a gebrache Lëtzebuergesch.

An deem Kader sicht d'Police no Zeien, déi de Virfall gesinn hunn an Informatiounen iwwert d'Identitéit vum Mann hunn. All Informatiounen si fir d'Police vun Diddeleng iwwert de Nummer  (+352) 244 69 1000 oder per Mail op  Police.DUDELANGE@police.etat.lu.